Dateschutzerklärung

Perséinlech Donnéeën

Laut dem Allgemengen Dateschutzreglement vun der EU (RGPD/GDPR) gi perséinlech Donnéeë follgendermoossen definéiert:

"All Informatiounen, déi sech op eng bestëmmten oder bestëmmbar natierlech Persoun bezéien ("betraffe Persoun"); eng bestëmmbar natierlech Persoun ass eng Persoun, déi direkt oder indirekt identifizéiert ka ginn, besonnesch duerch de Bezuch op en Identifiant wéi en Numm, eng Identifikatiounsnummer, Donnéeën iwwer de Standuert, eng online-Identifikatiounsnummer oder de Bezuch op een oder méi Facteuren, déi spezifesch si fir déi physesch, physiologesch, genetesch, mental, wirtschaftlech, kulturell oder sozial Identitéit vun dëser natierlecher Persoun."

Déi eenzeg perséinlech Donnéeën, déi vu Sudoku.net gesammelt ginn, sinn déi follgend: Numm, E-Mail-Adress, Sprooch.

Wéi mir Är Informatioune benotzen

Soduku.net sammelt a benotzt déi perséinlech Donnéeë vu Spiller nëmme fir follgend Zwecker:

  • Behiewe vu Feeler
  • E-Mail-Matdeelunge wéi Matdeelungen iwwer den technesche Support, d'Verëffentlechung vun neie Versiounen oder neie Produkter a saisonal Newsletteren

Firwat muss Sudoku.net perséinlech Donnéeë sammelen a späicheren?

Fir Iech en optimale Service bidden ze kënnen, musse mir perséinlech Donnéeë sammelen, an zwar ausschliisslech fir Iech Korrespondenz schécken ze kënnen. Mir verflichten eis, sécherzestellen, datt déi vun eis gesammelt a benotzten Informatioune fir dësen Zweck gëeegent sinn a keen Agrëff an Är Privatsphär duerstellen. Sudoku.net kontaktéiert d'Spiller nëmme fir Marketing-Zwecker, wann eng nei Versioun an nei Produkter erauskommen.

Deelt Sudoku.net Är perséinlech Donnéeë mat iergendengem aneren?

Nee. Sudoku.net wäert Är perséinlech Donnéeën ni mat iergendenger Drëttpartei deelen.

Wéi benotzt Sudoku.net déi gesammelt Donnéeën?

Sudoku.net verschafft (sammelt, späichert a benotzt) d'Informatiounen, déi Dir ugitt, am Aklang mam Allgemengen Dateschutzreglement vun der EU (RGPD/GDPR). Mir suergen dofir, datt Är Donnéeë korrekt an aktuell bleiwen, an datt se net méi laang wéi néideg gespäichert ginn. Sodoku.net ass verflicht, dem Gesetz no Informatiounen wéi déi, déi fir d'Akommessteier an Audit-Zwecker néideg sinn, ze versuergen. Wéi laang bestëmmten Zorte vu perséinlechen Donnéeë versuergt musse ginn, kann och vu spezifesche sektoriellen Ufuerderungen an etabléierte Praktike gereegelt sinn. Perséinlech Donnéeë kënnen jee no den individuelle geschäftleche Besoine iwwer dës Zäitraim eraus versuergt ginn.

Ënnert wéi engen Ëmstänn wäert Sudoku.net Iech kontaktéieren?

Eist Zil ass et, net intrusiv ze sinn, a mir beméien eis, keng irrelevant oder onnéideg Froen ze stellen. Doriwwer eraus ënnerleien d'Informatiounen, déi Dir bereetstellt, strenge Moossnamen a Prozeduren, fir de Risiko vun engem onerlaabten Zougrëff oder enger Divulgatioun esou kleng wéi méiglech ze halen.

Kënnt Dir gewuer ginn, wéi eng perséinlech Donnéeën d'Organisatioun vun Iech besëtzt?

Op Är Ufro ka Sudoku.net confirméieren, wéi eng Informatioune vun Iech gespäichert sinn a wéi se benotzt ginn. Wa Sudoku.net perséinlech Donnéeë vun Iech besëtzt, kënnt Dir déi follgend Informatiounen ufroen:

  • D'Identitéit an d'Kontaktinformatioune vun där Persoun oder Organisatioun, déi bestëmmt huet, wéi a firwat Är Donnéeën traitéiert ginn.
  • D'Kontaktinformatioune vum Dateschutzbeoptraagten, wann dëst zoutrëfft.
  • Den Zweck vum Traitement genee ewéi d'legal Basis fir den Traitement.
  • Ob den Traitement op de legitimen Interessie vu Sudoku.net baséiert oder Informatiounen iwwert dës legitim Interessien.
  • D'Kategorië vu perséinlechen Donnéeën, déi gesammelt, gespäichert an traitéiert ginn.
  • D'Empfänger oder d'Kategorië vun Empfänger, bei deenen d'Donnéeën divulgéiert ginn.
  • Wa mir plangen, déi perséinlech Donnéeën un en Drëttland oder eng international Organisatioun ze iwwermëttelen, Informatiounen doriwwer, wéi mir sécherstellen, datt dëst op eng sécher Manéier geschitt. D'EU huet der Iwwermëttlung vu perséinlechen Donnéeën u verschidde Länner zougestëmmt, well si e Mindeststandard a Bezuch op den Dateschutz erfëllen. An anere Fäll stelle mir sécher, datt spezifesch Moossname getraff goufen, fir Är Informatiounen ofzesécheren.
  • Wéi laang d'Donnéeë gespäichert ginn.
  • Detailer iwwer Är Rechter fir dësen Traitement ze verbesseren, ze läschen, anzeschränken oder Iech ze opposéieren.
  • Informatiounen iwwer Äert Recht, Är Awëllegung zu all Moment zeréckzezéien.
  • Wéi eng Reklamatioun bei der Opsiichtsbehörd agereecht ka ginn.
  • Ob d'Bereetstellung vu perséinlechen Donnéeën eng gesetzlech oder vertraglech Ufuerderung oder eng Viraussetzung fir den Ofschloss vun engem Vertrag ass, an ob Dir verflicht sidd, d'perséinlech Donnéeën zur Verfügung ze stellen an déi méiglech Konsequenze, wann déi Donnéeën net zur Verfügung gestallt ginn.
  • Eenzelheeten an Informatiounen iwwer automatiséiert Decisiounen, wéi d'Erstellung vun engem Profil, an all relevant Informatiounen iwwer déi domat verbonne Logik, genee ewéi d'Bedeitung an déi erwaarte Konsequenze vun esou engem Traitement.

Wéi eng Form vun Ausweiser muss ech virleeën, wann ech Zougang dozou kréie wëll?

Sudoku.net akzeptéiert déi follgend Forme vun Ausweiser, wann Informatiounen iwwer Är perséinlech Donnéeën ugefrot ginn: Pass, Fürerschäin, Gebuertsschäin, Stroumrechnung (vun de leschten 3 Méint).

Kontaktinformatiounen:

EDITO SARL
Un: GDPR
16 Rue Des Myotis
S Hub - ZAC Meilbourg
57970 Yutz
France

Lescht Aktualiséierung: 1. Juni 2020.