Schwieregkeet:

00:00

Aféierung an d'Sudoku-Spill

Dat spaassegt Puzzle-Spill, dat liicht ze verstoen ass, faszinéiert d'Mënsche schonn zanter bal 3.000 Joer.

Zil vum Spill ass et, d'Sudoku-Spillfeld mat einer Rei vun eestellegen Zifferen auszefëllen, vun där jiddwereng an all Rei, an all Kolonn oder an all 3x3-Block nëmmen eemol virkommen däerf. Um Ufank sti scho verschidden Zifferen am Sudoku-Spillfeld, si hëllefen dem Spiller dobäi, no an no de ganze Puzzle ze léisen.

Jiddweree ka Sudoku spillen. Et muss net gerechent ginn, d'Spill baséiert eleng op Logik, Dir musst also kee Mathematiker sinn, fir e Sudoku-Rätsel léisen ze kënnen. Dat erkläert, firwat Sudoku e reegelrechte globale Phänomen ginn ass. Millioune vu Leit spillen all Dag Sudoku!

Senger Definitioun no gëtt et fir all gëltegt Sudoku-Spillfeld nëmmen eng (eenzeg) Léisung. Mir garantéieren, datt all eis Sudoku-Rätselen eng eenzeg Léisung hunn. Och wann et méi einfach ass, Spillfelder ze entwerfen, fir déi et e puer Léisungen (oder guer keng Léisung) gëtt, kann een dës net als richteg Sudoku-Puzzele bezeechnen. Wéi bei ville Logiksspiller kann et nëmmen eng eenzeg Äntwert ginn. Beim Entwerfe vun engem Spillfeld muss een deemno besonnesch gutt oppassen, well wann och nëmmen eng Zuel falsch placéiert ass, kann de Puzzle net méi geléist ginn.

Et gëtt och eng ongeschriwwe Reegel, nämlech déi, datt d'Schéinheet vun engem Sudoku doranner besteet, datt Zuelen, déi am Ufank do stinn, symmeetresch op béide Säite vun deenen zwou Diagonalen am Feld verdeelt sinn. Et ass dës visuell Harmonie, déi deenen äiferegste Sudoku-Spiller besonnesch gutt gefält. Och wann et onendlich vill méi komplizéiert ass, symmeetresch Felder ze creéieren, besonnesch därer bei deene garantéiert ass, datt et nëmmen eng Léisung gëtt, entwerfe mir nëmme Sudoku-Spillfelder, déi dës Symmetrie opweisen. Fir d'Entwécklung vu verschidde Rätsele war wochelaang Computeraarbecht néideg, an dofir si mir wierklech stolz, Iech dës symmeetresch Puzzelen mat enger eenzeger Léisung ubidden ze kënnen. Sudoku ass schliisslech net nëmmen e Spill, et ass eng Philosophie an e Lifestyle, wou Schéinheet an Harmonie iewescht Prioritéit hunn!

An de Sudoku-Puzzele ginn d'Zuelen eleng als Hëllefsmëttel benotzt; arithmeetesch Relatiounen tëschent den Zuele sinn irrelevant. E beliebege Saz vun ënnerschiddleche Symbole géif duergoen: Et kéinten och Buschtawen, Formen oder Faarwen benotzt ginn, ouni datt d'Spillreegele misste geännert ginn.

D'Attraktivitéit vum Spill besteet doran, datt d'Reegelen zwar einfach sinn, mä datt de Räsonement, fir d'Rätsel ze léisen, komplex ass. D'Rätselen, déi mir publizéieren, gi jee no Schwieregkeet vun 1 (am liichtsten) bis 5 (am schwéiersten) agestuuft. Am Allgemengen ass et esou: Wat méi Zifferen vu vireran ugi sinn, wat de Puzzle méi einfach ass an ëmgedréint. Et ginn natierlech och e puer Ausnamen.

Sudoku ass an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn, taucht ëmmer méi oft an internationalen Zeitungen op, an huet sech esou zum beléifteste Puzzle-Spill vum 21. Joerhonnert entwéckelt. Ausserdeem encouragéiere vill Regierungen d'Leit fir Sudoku ze spillen, well een dovunner ausgeet, datt d'Spill eng wichteg Roll bei der Preventioun vun altersbedéngte Krankheeten (besonnesch Alzheimer) spillt.




Basis-Method fir e Sudoku-Puzzle ze léisen

Prinzip

Sicht fir d'éischt emol um Sudoku-Spillfeld no all Ziffer vun 1 bis 9. An all Block:

  • Kontrolléiert, ob d'Ziffer doranner virkënnt;
  • Wann d'Ziffer virkënnt, da bestëmmt a wéi engen aneren Haisercher an der selweschter Rei oder Kolonn déi Zuel net virkomme kann;
  • Wann d'Ziffer net virkënnt, da bestëmmt a wéi engen aneren Haisercher dës Ziffer net virkomme kann, well déi selwecht Ziffer an anere Bléck an der selweschter Rei oder Kolonn steet.

Wann et an enger Rei, enger Kolonn oder engem Block nëmmen eng méiglech Plaz gëtt, da gehéiert déi Ziffer dohin. Wann Dir e bëssen Erfarung hutt, da gesitt Dir d'Haisercher, an deenen d'Ziffer virkomme kéint, wéi wa se um Sudoko-Spillfeld "opliichten" géifen. Dëst erlaabt Iech, méi avancéiert Konfiguratiounen ze entdecken.

Wann et méiglech ass, e Sudoku mat Basisstrategien ze léisen, da fannen erfuere Spiller et ënner Ëmstänn net néideg, méiglech Kandidaten an d'Haisercher ze notéieren.

Eenzelkandidat

En "Eenzelkandidat" ass en einfache Fall, wou et nëmmen eng eidel Zell an enger "Regioun" (Rei, Kolonn, oder Block) gëtt. An deem Fall muss den Zuelewäert vun där Zell déi Ziffer sinn, déi an där Regioun feelt: Et ass souwuel déi eenzeg Plaz, wou déi feelend Ziffer ka gesat ginn (verstoppten Eenzelkandidat), wéi och deen eenzege Wäert, deen an där eideler Zell virkomme kann (plakegen Eenzelkandidat).

Dës Konfiguratioun kënnt am heefegste vir, wann e Sudoku bal ganz geléist ass, wa bal all d'Haisercher ausgefëllt sinn.

Méi allgemeng bezeechent de Begrëff "Eenzelkandidat" eng Situatioun, an där et nëmmen eng Léisung fir e spezifescht Haische gëtt, sief et well an deem Haischen nëmmen een eenzege Wäert stoe kann (plakegen Eenzelkandidat) oder well e Wäert nëmmen an engem eenzegen Haische stoe kann (verstoppten Eenzelkandidat), well all anere Choix direkt zu enger falscher Léisung féiere géif. Eenzelkandidaten ënnerscheede sech vun "Koppelen", "Drillingen" oder "Vierlingen", bei deenen e puer potenziell Wäerter gläichzäiteg am Spill kënne sinn.

Direkt Eliminatioun: Verstoppten Eenzelkandidat

Wann Dir no engem "verstoppten Eenzelkandidat" sicht, sollt Dir Iech déi follgend Fro stellen: "An dëser Regioun (Rei, Kolonn oder Block), a wéi engen Haisercher kéint potenziell eng 1 (2, 3 ... 9) stoen?" Wann en Zifferkandidat nëmmen eemol an der jeeweileger Regioun virkënnt, da muss dat de Wäert fir déi Zell sinn.

Wat e Wäert méi oft am Sudoku-Spillfeld virkënnt, wat et méi einfach ass, no de verstoppten Eenzelkandidaten ze sichen: d'Contrainten a Bezuch op d'Positioun ginn erop, an domat fält d'Zuel vun de méigleche Positiounen.

Potenziell Wäerter an den Zellen ze markéieren ass vu kenger grousser Hëllef, wann Dir no verstoppten Eenzelkandidate sicht; Dir musst ëmmer nach déi ganz "Regioun" kontrolléieren fir ze iwwerpréiwen, datt dee gesichte Wäert nëmmen eemol als Kandidatewäert optaucht. Dofir ginn dës Eenzelkandidaten "verstoppt" genannt.

Ëmgedréint ass den "verstoppten Eenzelkandidat" oft einfach ze fannen, wann ee systematesch d'Zifferen an d'Bléck kontrolléiert, well d'Positioun nëmme vun der Positioun vun der entspriechender Ziffer an den Nopeschbléck an dovun, ob d'Haisercher vum entspriechende Block fräi oder ausgefëllt sinn, ofhänkt.

Indirekt Eliminatioun:

Indirekt Eliminatioun ass eng Extensioun vun der direkter Eliminatioun.

Wann Dir d'Sudoku-Spillfeld ofsicht, fir déi potentiell Haisercher fir e bestëmmte Kandidat ze lokaliséieren, da fannt Dir vläicht eraus, datt all déi verfügbar Haisercher an engem Block an där selwechter Rei (oder Kolonn) stinn. An deem Fall kann, onofhängeg vun der schlussendlecher Positioun vum Kandidatewäert am Block, dee Wäert net an iergendengem anere verfügbaren Haischen an därselwechter Rei (oder Kolonn) an deenen anere Bléck optauchen. An anere Wierder, wann d'Kandidate bannent engem Block all an där selwechter Rei sinn, da kann dee Wäert bei deenen anere verfügbaren Haisercher an der ganzer Rei ausgeschloss ginn.

D'selwescht, wa Kandidaten op zwou Reien (oder Kolonnen) an zwee Nopeschbléck limitéiert sinn, da kënnen d'Kandidatewäerter vum drëtte Block nëmmen an der drëtter Rei (oder Kolonn) virkommen.

Duerch dës Restriktioun kann e verstoppten Eenzelkandidat identifizéiert ginn. Op eng méi subtil Aart a Weis kann et och zu der Schlussfollgerung féieren, datt d'Wäertekandidaten an engem anere Block an där selwechter Rei (oder Kolonn) nëmmen an enger eenzeger Rei oder Kolonn lokaliséiert kënne ginn. Doduerch gëtt eng Kettereaktioun vun indirekten Eliminatiounen ausgeléist. Dësen éischte Prozess vun der indirekter Eliminatioun kann dofir duerchgefouert ginn, ouni d'Haisercher ze markéieren; dofir ass awer méi logescht Denken erfuerdert.